E Stäerekand …

eng Péng déi ni vergeet

Als Stäerekanner gi verstuerwe Kanner bezeechent, déi virun, wärend oder net laang no der Gebuert verstuerwe sinn. Leider ass dës Bezeechnung poetesch, well d’Kanner dono benannt ginn « den Himmel erreecht ze hunn, ier se d’Welt konnte kenneléieren ».

Dës Erfarung ass fir Elteren, déi sech op hiren Nowuess gefreet hunn, schwéier ze verschaffen, an och wann et net einfach fält, gëtt driwwer geschwat – sou fillen sech aner Mammen a Pappen net eleng an hirer Trauer.

Mënschen, déi net zu der Famill gehéieren, kënnen dës déif Trauer net novollzéien, se fillt sech sou änlech wéi eng Depressioun un, déi net siichtbar ass. Déi ganz Welt ass stoe bliwwen. Net nëmme fir e Moment, et brauch laang Zäit dëse Verloscht an dat eidelt Gefill ze verschaffen.

Déi grouss Fro nom « Firwat » steet am Raum an ännert leider näischt, déi ganz Freed ass op emol verluer.

Och Hiewanen hunn et net einfach

Et fält hinne schwéier, d’Péng ze beschreiwen, si wëssen dacks net wa si soe mussen, wann d’Kand elo goe muss. Et ass allkéiers e Stéck Hoffnung deen zerplatzt wéi eng Seefebloos.

Wéi begleet een eng Fra an de schwéierste Stonne vun hirem Liewen? Also nee, Hiewan ass net nëmmen e schéine Beruff. Bei ongeféier 4 vun 1.000 Schwangerschafte gëtt e Bebe dout gebuer, dobäi weit et dacks manner wéi 500 Gramm.

Wann e Kand am Bauch stierft ass alles anescht, d’Zäit bleift stoen a kee Wuert schéngt dat Richtegt ze sinn. Wou Freed sollt sinn, huet Trauer iwwerhand geholl. Ni wäert een d‘Wuert Mamma héieren oder dem Kand eng Ploschter op de Knéi pechen.

Wéi motivéiert een d’Mammen, wann een dach weess, datt d’Belounung ausbleiwe wäert? A ganz wichteg – wéi hëlleft een hir de Moment esou ze gestalten, datt si trotzdeem domat liewe kann? Et ass schwéier, mee ze packen, soss gëtt een an den Ofgrond gezunn.

Weider Informatioune fannt Dir bei:

https://www.liewensufank.lu/de/

https://staerekanner.lu/en/

https://www.facebook.com/FruehchenundSternchenkleidung/

Dernières nouvelles