Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 16. bis den 22. Mee 2022

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch 1.879 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn.

Dobäi muss gesot ginn, datt déi net geimpfte Persounen, een zweemol méi grousse Risiko hunn, infizéiert ze ginn. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 40,1 Joer.

Et goufen 9.178 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 9.722 d’Tester, se sinn liicht erofgaangen. 20 Schnelltester ware positiv.

Den 22. Mee  goufe 4.846 aktiv Infektioune gemellt, virdru waren et 6.244. Am Ganzen ziele mir 240.839 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 3 Fäll. D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persoune läit bei 82 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,62 – en ass soumat erofgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 20,47%.

D’Inzidenz läit bei 291 Fäll pro 100.000 Awunner. An de Spideeler ass d’Situatioun stabil. Et sinn 13 Patienten op der normaler Statioun an 2 Patiente ginn intensiv behandelt.

Impfungen: An der Woch vum 9. bis de 15. Mee gouf am Ganzen 2.704 mol geimpft. Dovunner krute 106 Persounen hier zweet Dosis – an 1.937 Persounen kruten eng drëtt, zousätzlech Dosis. 1.281.267 Persoune sinn vollstänneg geimpft.

Weider Informatioune op www.impfen.lu.

D’Plaz wou sech meeschten ugestach gëtt ass mat 31,0% de Familljekrees. Dono kënnt d’Educatioun mat 9%, d’Reesen mat 12% an d’Fräizäit mat 7%. Den Taux, deen kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 28%.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 an den dräizéng Kläranlage weist eng erhéichte Präsens vum Virus op. Dat ass däitlech ze erkennen, genee ewéi an den zwou leschte Wochen. Fir dozou méi ze soen, oder ob den Taux erofgeet, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn. Passt op Iech op a bleift

gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST-Websäit gekuckt ginn.

Dernières nouvelles