Präisiwwerreechung an der Belle Etoile: Den Dylan Pereira ass Autosportler vum Joer 2021

Passend zur grousser Expo „Motorsport zu Lëtzebuerg“ goufe leschte Samschdeg déi bescht Lëtzebuerger Autosportler vum Joer 2021 geéiert. Zesumme mam Public duerft den Dylan Pereira sech iwwert den Titel freeën. Mat him um Podium stoungen de Kevin Peters an de Carlos Rivas.

Scho mat 4 Joer souz de Lëtzebuerger Pilot mat portugisesche Wuerzelen am Go-Kart. D’Passioun zum Motorsport soll hie vu sengem Papp geierft hunn. Ma, besonnesch duerch d’Participatioun um Porsche Supercup, den ADAC GT Masters oder och dem FIA World Endurance Championship (WEC) konnt hien an der leschter Zäit d’Opmierksamkeet op sech zéien.

Dobäi huet den Dylan Pereira betount, datt et ëmmer e klenge Kampf tëscht him an dem Kevin Peters ass, wien dann elo Autosportler vum Joer gëtt. Hien ass awer motivéiert och 2022 den Titel ze verdeedegen.

Den Dylan Pereira ass Autosportler vum Joer 2021
© ACL Sport

De Florian Brouir, Koordinator vun ACL Sport huet ofschléissend ënnerstrach, datt dëst Format vun enger Präisiwwerreechung richteg gutt fonctionéiert huet. Et wollt een den nationale Piloten déi néideg Visibilitéit schenken an d’Ëffentlechkeet aktiv un dësem besonnesche Moment deelhuele loossen.

Wärend mat de Gewënner gefeiert gouf, stounge schliisslech och Gefierer aus de Beräicher Motocross, Rallye, Circuit a ville weideren Disziplinnen prett, fir bewonnert ze ginn. D’Expo „Motosport zu Lëtzebuerg“ ass iwwregens nach bis de 5. Februar 2022 an der Belle Etoile ze gesinn.

Dernières nouvelles