D’Stad bekräftegt hier Solidaritéit mat der Ukrain

Den Dënschdeg, de 17. Mäerz hunn d’Buergermeeschtesch vun der Stad, Lydie Polfer an den Vitali Klitschko, Buergermeeschter vu Kiew sech telefonesch iwwert d’Situatioun an der Ukrain ausgetosch.

An dësem Kader huet d’Madamm Polfer hier Solidaritéit nach eemol bekräftegt an déi russesch Invasioun op d’Schäerfst verurteelt. Dës weideren huet si am Numm vum Gemengerot bestätegt, de Flüchtlingen an dëser schwéierer Zäit ze hëllefen. Et goufe well vill ukrainesch Bierger opgeholl, weider Noutënnerkonfte gi bereetgestallt.

Den Här Klitschko huet sech fir dës Ënnerstëtzung bedankt. Dobäi steet déi gemeinsam Hoffnung am Raum, datt eng diplomatesch Léisung géint dëse Krich fonnt gëtt.

Dernières nouvelles