Déidleche Grenzberäich

Am UN-Sécherheetsrot gouf d‘Migratiounsfro un der Baussegrenz vun der Europäescher Unioun beroden a festgestallt näischt maachen ze kënnen

Wärend eng ganz Rei westlech Länner, de wäissrussesche President Alexander Lukaschenko iwwer de klasseschen diplomatesche Wee, opgefuerdert hunn sech nees an de Grëff ze kréien, fuerderen déi am UN-Sécherheetsrot vertruede westleche Länner, vu Russland méi Verantwortung géintiwwer sengem Protegé ze ergräifen.

An enger gemeinsamer Erklärung, hunn Albanien, Estland, Frankräich, Groussbritannien, Irland, Norwegen an d‘USA festgehalen: „Den Alexander Lukaschenko instrumentaliséiert als President vu Wäissrussland Flüchtend Mënschen, fir d‘Nopeschlänner an déi europäesch Baussegrenz ze destabiliséieren“. Zumindest ass domadder emol gekläert, datt hei vu Flüchtlinge geschwat gëtt.

Wäissrussland

Si kennen an nennen och selwer de Grond. Esou géif Minsk Leit an d‘Konflikt- a Krisegebidder siche goen, se dann zur Weiderrees un déi litauesch an/oder polnesch Grenz bréngen, fir se sech dann do selwer ze iwwerloossen. Sënn an Zweck? Et wier dem Diktator seng Äntwert op déi vun den Europäer operluechte Sanktiounen. Déi waren awer aus bekannte Grënn net ze verhënneren.

Natierlech ass dat ganzt primär ee grousse Politspektakel. Dëse ganz reale Wansinn beweist awer: ënnert all deenen déi dës Welt dirigéiere wëllen, huet et zolidd Bildungsdefizitter… Dat féiert dann am UN-Sécherheetsrot zu interessanten Aussoen. Esou de russesche Vertrieder Dmitri Poljanski de wäissrussesche President, aus strikt politescher Motivatioun eraus, bei der Sëtzung a Schutz geholl.

Wäissrussland

De stellvertriedenden UN-Ambassadeur stellt weider fest: „Et gëtt kee Grond, firwat Wäissrussland legal an d‘Land agereeste Mënsche sollt an hir Heemechtslänner sollt zeréckschécken. (…) Ech mengen datt meng westlech Kolleegen eng Aart masoschistesch Naup hunn, wëll et ass schonn eppes gewot dëse Sujet viru Russland unzeschwätzen“. China huet d‘Ouere gespëtzt a gegrinst…

Eng éischt Null-Ronn… an elo?

Notéiere mir nach, datt wärend zu Bréissel den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, déi stänneg „Vetrieder“ vun de Memberlänner an eng ganz Arméi un Technokraten, sech mat neie Sanktiounsméiglechkeete géint de Regime a Wäissrussland a wuel och all d‘Handelspartner vun dësem beschäftegen, aner politesch Leader den Dialog mat Moskau an dem Zar Vladimir I. Sichen.

Aus Berlin dann d‘Noriicht, datt d‘Angela Merkel – si muss jo nach d‘Geschäfter Leede bis sech d‘Koalitiounspartner op eng nei Regierung gëeenegt hunn – scho fir d‘Zweet zum Telefon gegraff huet, fir dem russesche President u seng Verantwortung ze erënneren. Hie sollt säin Afloss op den Diktator geltend maachen an déi onméiglech Situatioun berengegen. Moskau gesäit dat anescht…

Dem Vladimir Putin seng Äntwert war kuerz, dofir däitlech: „D‘EU muss direkt mat Wäissrussland iwwert dës Kris schwätzen“, esou d‘Notiz vum Kreml. Minsk huet elo och reagéiert an un d‘Adress vun den EU-Ausseminister, déi ee Méindeg déi nei Sanktioune formaliséiere wëllen, eng Warnung adresséiert. Duerch säi Land transitéiere ronn 10% vum EU-Gasbedarf, do hätt et eppes Spillraum.

Wäissrussland

Sécher, et ass russesche Gas an ouni den Accord vu Moskau, ass et net virstellbar, datt Minsk esou eng Decisioun duerchsetze kann. Anersäits, um Weltmaart explodéiere grad d‘Präisser fir de Gas, an esou eng „Coupure“ kéint eng fir Gazprom lukrativ Operatioun sinn. Europa muss dann eppes méi déif an d‘Täsch gräifen, fir säi Gas-Honger ze stëllen. Ass esou wann ee vun eppes ofhängeg ass.

mat indymedia/nyc/ber/bru/mow

Illustratioun: Gas ass eng fossil Energie an mir sollte souwisou ophalen, dës Energie ze notzen an duerch nohalteg an erneierbar Energien ersetzen. Frankräich hält Atomkraaft fir eng nohalteg a klimaneutral Alternativ. © Ayesha Firdaus / unsplash

Dernières nouvelles