Déi 3. Editioun vum „Vëlosummer“ ass garantéiert

Fir den Tourismus an all senge Beräicher, zesumme mam Vëlo als effikasst an nohaltegt Transportmëttel ze fërderen, ass 2020 d‘Campagne vum „Vëlosummer“ an d‘Liewe geruff ginn. Bei dëser zweeter Editioun hunn zuelräich Gemengen deelgeholl an iwwer 550 km Weeër zur Verfügung gestallt. konnt een d‘Resultater vum leschte Joer wäit iwwertreffen.

An dësem Kader hunn den Tourismusminister Lex Delles an den Transportminister François Bausch de Bilan vun der cyclo-touristesch Offer presentéiert. De „Vëlosummer 2021“ huet vum 31. Juli bis den 29. August stattfonnt. Mat 65 Gemengen hunn dës Kéier dräi Mol esou vill Gemengen matgemaach, wéi nach 2020.

Dobäi goufen 12 Strecken ageriicht, wouvunner der 6 Stéck vum 31. Juli bis den 21., respektiv den 29. August op waren. Déi aner Weeër ware just u verschidde Weekender de Cycliste virbehalen. Duerch d‘Verdueblung vun de Strecken kruten d‘Vëlosfuerer iwwer 550 km u Weeër offréiert.

Ma, aus der éischter Editioun huet ee geléiert, an esou gouf beispillsweis aus Sécherheetsgrënn d‘Streck tëscht Beggen an Dummeldeng dëst Joer net méi ugebueden. Och d‘Streck am Mamerdall gouf op e Weekend reduzéiert.

A ville Punkte konnten d‘Resultater vun 2020 iwwertraff ginn. Allerdéngs huet een mat ronn 20.000 Cyclisten knapp d‘Hallschent vun der éischter Editioun erreecht. Do hunn nämlech 40.000 Persounen deelgeholl. Zeréckzeféieren wier dat op de kale Summer an d‘Reenrekorder. Hei kuerz den Detail:

  • Syre- an Uelzechtdall-Tour (60 km): 3.155 Cyclisten
  • Syrdall-Tour (50 km) a Sauer-Musel-Tour (53 km): 2.060 Cyclisten
  • Family Tour am Westen (25 km): 933 Cyclisten
  • Mam Jangeli bei d‘Kätti (24 km): 1.024 Cyclisten
  • Minett by bike (65 km): 1.213 Cyclisten
  • Regioun Mëllerdall (50 km iwwert de Westen, 47 km iwwert den Osten): 1.258 Cyclisten
  • VëloViaNorden (35 km, iwwert Wëntger 97 km): 2.477 Cyclisten
  • Tour Uewersauer (40 km): 1.179 Cyclisten
  • Iwwer Bierg an Dall (28 km). 3.535 Cyclisten
  • Castle Tour (43 km): 875 Cyclisten
  • Mamerdall-Tour (41 km): 2.158 Cyclisten

Fir de Vëlosummer 2021 richteg an Zeen ze setzen, sinn am Ganzen 27.500 physesch Kaarte verdeelt ginn, op deenen net nëmmen d‘Vëlosweeër, mee och interessant Restauranten, Caféen an Iwwernuechtungsméiglechkeeten, sou wéi touristesch Attraktiounen markéiert waren. Iwwer d‘Säit www.velosummer.lu sinn dës Informatiounen och ugewise ginn. Hei goufen 156.506 Klicks gezielt (+ 64 %), dovun de Groussdeel vu Visiteuren.

Dobäi kommen d‘Publikatiounen op soziale Medien, déi 175.400 Persounen ugezunn hunn (+162 %). Am Ganzen hunn 159 Etablissementer (Restauranten, Caféen, Muséeën a Butteker) de dëse Vëlosummer promouvéiert.

An dësem Kader huet de Lex Delles nach emol drop higewisen, datt et déi ideal Méiglechkeet war, vum Service movewecarry.lu an/oder dem 50 € Iwwernuechtungsbonge ze profitéieren.

Dëse „Vëlo-Boom“ misst elo duerch interessant Initiativen oprecht erhalen a gefërdert ginn. Esou gouf déi 3. Editioun fir den Zäitraum vum 30. Juli bis den 28. August 2022 ugekënnegt.

Dernières nouvelles