De Wanter um Mëttelmier

All Joer dat selwecht!

D’Bedingunge fir Mënschen op der Flucht sinn net ze erdroen.

Schwéier Mënscherechtsverletzunge ginn zanter Jore souwuel vun zivilgesellschaftleche Mënscherechtsorganisatiounen esouwuel vun tëschestaatlechen Organisatiounen an natierlech och vun de flüchtende Mënsche selwer dokumentéiert an nogewisen.

Zanter dem 2. Oktober 2021, nodeems dat libescht Militär a Polizisten eng groussflächeg Razzia duerchgefouert huet a Mënsche verhaft – a si an Internéierungscampe bruecht huet, protestéiere Flüchtlinge virun dem UNHCR-Gebai an Tripolis.

D’Aufgab vum Flüchtlingskommissariat ass et, dofir Suerg ze droen, datt d’Rechter vun de Mënschen op der Flucht weltwäit agehale ginn. A Libyen weist sech däitlech, datt si dozou net an der Lag sinn. D’Protestante fuerderen ënnert anerem d’Evakuéierung an ee séchert Land, wou hier Rechter geschützt a respektéiert ginn.

Ausserdeem fuerderen si d’Enn vun der Finanzéierung vun der sougenannter libescher Küstewuecht, déi Flüchtlingen op Séi offänkt a si erëm zeréck a Libyen bréngt. Dat verstéisst géint hier Rechter.

An Europa gëtt et ëmmer méi kal. De Wand bléist, et reent dacks. Och d’Wieder um Mëttelmier verschlechtert sech. Dat hält d’Mënschen awer net dovunner of, ze flüchten – si hunn keng Wal. Deen eenzegen Ënnerscheed deen et gëtt, ass datt et am Wanter nach méi geféierlech ass.

D’Geforen erhéijen sech. Datt Europa näischt un dëser Tatsaach ännert, kann ee wuel « ënnerloossen Hëllefsleeschtung » nennen. Elo erdrénken d’Mënschen net nëmmen, si erfréieren. Wa Mënsche gerett ginn, fänkt déi nächst Erausfuerderung un. Ee sécheren Hafen ze fannen – an dat ass nawell schwéier, keen iwwerhëlt gäre Verantwortung.

Dofir muss een sech – am Numm vun dëse Mënschen widderhuelen. Europa brauch legal a sécher Fluchtweeër, sief dat am Summer oder am Wanter. Et ass hier Verantwortung, an där mussen si sech endlech stellen. Oder muss fir d’éischt ee richtegt schlëmmt Ongléck passéieren? Ass virsuergen, net besser ewéi nosuergen?

Dernières nouvelles