Zesumme mam Klima-Bündnis Lëtzebuerg invitéiert de Mouvement Ecologique haut den Owend um 19:30 Auer op eng Online-Koferenz zum Thema Klimwandel an. Mat dobäi ass d’Helga Kromp-Kolb (Univ.-Prof. Dr.), ehemoleg Leederin fir Meteorologie sou wéi vum Zentrum fir Globale Wandel an Nohaltegkeet vun der BOKU Wien.
Fir un der Online-Konferenz deelzehuelen, muss ee sech am viraus iwwert inscription@meco.lu oder per Telefon iwwert den 439030-1 umellen. De Link gëtt da per Mail geschéckt. D’Evenement fënnt op Däitsch statt, gëtt awer och Franséisch iwwersat.
Weider Informatiounen dozou fannt Dir HEI.