De Jean Back an den Arc di Marianna

An dësem Artikel stellt den lëtzebuergeschen Auteur Jean Back sech selwer vir. Well ech den Interview mat Freed gelies a genoss hunn, wollt ech den Text net groussaarteg veränneren.

Kënnt Dir e bëssen vun Iech erzielen?

Da stellen ech mech fir d’éischt vir: 1953 gebuer. De 5. Dezember. Vläicht gleewen ech duerwéinst heiansdo un de Kleesschen. Ech kommen aus enger Aarbechterfamill (Papp a d’Grousspäpp vun zwou Säiten, Monnien a Kosengen hunn op der Diddelenger Schmelz, den Urgrousspapp an der Minn geschafft) an ech sinn eigentlech op véier Plaze gläichzäiteg opgewuess: am Schmelzer Quartier, am Brill bei mengen italienesche Grousselteren, am Wolkeschdahl, an um Däich, bei menger Tatta, wou ech op d’Welt koum. Ganz e bësse sinn ech och op der Sauer groussginn, an eisem Chalet tëscht Ierpeldeng a Méchela, wou ech zanter datt ech Kand war, meng Vakanze verbruecht hunn bis ech al genuch war fir eleng an Italien ze fléien, op Pesaro, bei meng italienesch Famill.

Duerno koume Lycée an d’Première, 1973, duerno d’Schaff um Familljeministär an zanter 1985 déi um Kulturministär an deen de Robert Krieps mech duerch de Roger Manderscheid agestallt hatt. Ech hat d’Chance de Centre national de l’audiovisuel (CNA) mat opzebauen, an em virzestoen an engem neie Gebai zu Diddeleng bis d’Pensioun 2016. Dem Edward Steichen seng Ausstellung The Family of Man zu Klierf an The Bitter Years am restauréierte Waassertuerm waren aner Highlights, op déi ech houfreg bleiwen. Wann ech dat emol esou dierf soen, an aller Bescheidenheet versteet sech, well et ass mer ëmmer fir d’alleréischt ëm d’Qualitéit vun de Projete gaang an ëm hir Nohaltegkeet. An ech wollt ëmmer dass déi Projeten och am Ausland zu der plus value vun der Kultur hei am Land sollte bäidroen.

Voilà, méi kuerz geet et net. Nach vläicht dat hei: ech si passionéierte Fotograf zanter menger Kandheet a grad esou passionéierte Schrëftsteller zanter 2000.

An ech fotograféieren am léifsten am Schwaarz/Wäiss a schreiwen op Lëtzebuergesch an op Däitsch.

Wou huelt Dir d’Ideeën, d’Inspiratioun fir déi verschiddenst Themen hier?

Wat mech interesséiert sinn haaptsächlech zwee Themaen: d’Liewe vun de Mënschen, de Matmënschen, och dat vu menger Famill, hir Reaktiounen an aussergewéinleche Situatiounen, hir Stäerkten, hir schwaach Säiten grad esou wéi hiert muenchmol bossegt a ganz gelungent Verhalen. Dobäi kënnt meng grouss Léift zu der Natur, den Déieren, der Ëmwelt. Alleguer déi Sujeten fannt der a mengen Texter erëm.

D’Figuren, déi ech schafen, sinn meng ganz perséinlech Megaphonen fir dat haart ze soen, respektiv ze schreiwen wat ech denken. D’Inspiratioun kann nach eng ganz aner Saach sinn: wann ech net inspiréiert sinn, hunn ech am beschten an de Gaart schaffen ze goen an duerno eng Fläsch Béier ze drénken. Well dann entsteet guer näischt, net um Blat an net an der Fotto. An da kënnen d’Themaen esou interessant sinn, ewéi se wëllen. Mäin Input bleift da gläich null. Dat kënnt mer glécklecherweis net allzeoft vir.

Wéi sidd Dir zum Schreiwe komm? Gëtt et do eng Geschicht dozou?

Do gëtt et eng eenzeg Geschicht. Ech hat de Roger Manderscheid kennegéléiert wéi ech d’Galerie Nei Liicht zu Diddeleng animéiert hunn. Duerno hu mer um Kulturministär zesumme geschafft. Ech hunn an der Zäit vill gezeechent a wollt eng Ausstellung vu menge Biller plangen. Ech hat de Roger gefrot fir mer bei der Auswiel behëllflech ze sinn. En ass komm, eng Kéier samschdes mëttes. Ech hat alles preparéiert, d’Zeechnngen houngen a louchen an der Bibliothéik, an den Trapen, am Atelier, iwwerall. Mer hu geschwat an diskutéiert. Mer hunn d’Auswiel op e spéidere Moment verluecht. Wéi de Rosch owes heemgoung hunn ech mech bei de Komputer gesat an hunn ugefaang mat schreiwen. Dat maachen ech haut nach. A gläichzäiteg hunn ech ugefaang d’Lëtzebuerger Sprooch ze léieren. 2003 koum mäin éischt Buch bei ultimomondo eraus: Wollekestol, meng Kandheet zu Diddeleng.

Wat gefält Iech um Schreiwen am beschten?

Dat ass schwéier an e puer Sätz ze beschreiwen. Ech géing am léifsten dat Bild vun der Rees gebrauchen, der Rees an d’eege Wierklechkeet, déi een sech nieft alleguer deenen anere Wierklechkeete schaaft. Et ass eng Aventür ouni Enn. An du weess ni wat hannert der nächster Kéier op dech waart. An du kënns op Plazen, vun deenen’s d’emol net gedreemt hues. Derbäi kënnt d’Formuléierung vum Wuert a vum Saz, déi immens Loscht de präzisen Ausdrock ze sichen, dat wat ee wëllt soen op de Punkt ze bréngen. An du wëlls jo och, dass een dech liest herno. Dass de net fir den Tirang schreiws. Awer ech schwätzen do eleng fir mech. Dat si weider Iwwerleeungen déi et maachen, dass d’Schreiwen déi spannenst awer och usprochvollste Manéier bleift, un deem deelzehuelen wat een esou Liewen nennt.

Wéi laang schafft Dir un engem Buch?

Dat ass ënnerschiddlech:
U Wollekestol hunn ech dräi Joer laang geschriwwen. Fir Iesel hunn ech genee véierzeng Deeg gebraucht. A bei l’arc di Marianna huet et aacht Joer gedauert bis d’Buch matzen an der Pandemie erausgerëtscht ass.

Wou schreiwt Dir am léifsten?

Um Mac a menger Bibliothéik, gären am Gaart bei gudden Wieder a wann et ganz roueg muss sinn verzéien ech mech och emol an de Keller. Do héieren ech tatsächlech guer näischt. Wat bei Iwwerliesungen a Korrekture ganz nëtzlech ka sinn.

Wat liest Dir privat am léifsten?

Dat sinn der Rei no:

• d’Wierker, ëmmer nees an exzellenter Iwwersetzung vum James Joyce.
• d’Felicitas Hoppe, Prawda, hir amerikanesch Rees op de Spuere vun zwee sowjetesche Journalisten, grad ewéi och viru kuerzem « Der beste Platz der Welt »
• bal alleguer d’Bicher vum Saša Stanišić
• Ech liesen, esou bal se do sinn awer ouni exklusiv ze sinn, déi nei Wierker vun de Kollegen, vum Guy Rewenig, Roland Meyer, Gast Mannes, Nathalie Ronvaux.
• A staark beandrockt hate mech d’lescht Joer de Philipp Roth mat sengem Roman « Der menschliche Makel » grad ewéi den Daniel Kehlmann mat sengem « Tyll » an d’Bicher vum Murakami.

Hutt Dir ee Liiblingsbuch?

Ulysses vom Joyce. Fir mech eng Bibel an eng Opfuerderung, esouguer wann ech och nëmmen eng eenzeg Säit opschloen, fir direkt lasszeleeë mat schreiwen.

Liiblingszitat?

Schwiereg. Hei, eent dat ech gär hunn:

„Auf dem eisigen Weiß des Sees war ein winziger Punkt, und dieser Punkt war ein Mensch, der einzige Hinweis auf die Anwesenheit eines Menschen in dieser ganzen weiten Natur, wie das X eines Analphabeten auf einem Blatt Papier. Da war es – wenn auch nicht die ganze Geschichte, so doch das ganze Bild.“

Philippe Roth, Zitat aus « Der menschliche Makel »

Är allerléifste Romanfigur?

Et ginn der natierlech eng Partie, déi ech mer versuergen. De Coleman Silk aus deem selwechte Roman wéi grad zitéiert. Och dee mam plakege Kapp, de Chrëscht Knapp aus der Romantrilogie schako klak, de papagei um käschtebam a feier a flam vum Roger Manderscheid ass méi ewéi beréierend. Et ginn der vill un déi ech mat Pläséier zréckdenken:

den Ulenspiegel vum Charles de Coster zum Beispill hat ech an der Schoul scho gär, grad ewéi den Tyll haut vum Daniel Kehlmann. An d’Esmeralda vum Victor Hugo grad ewéi d’Gervaise vum Emile Zola si Figuren, déi mer net méi aus dem Kapp gaange sinn.

Wéi géift Dir Iech an dräi Wierder beschreiwen?

passionéiert, ongedëlleg, nosiichteg

Wéi een Tipp kënnt Dir jonke Schrëftsteller villäicht nach mat op de Wee ginn?

Vill Gedold ze hunn bis en Text fäerdeg ass. Näischt iwwert de Knéi ze briechen, well ee sech onbedengt wellt publiziert gesinn. Schreiwen ass eng lues Manéier d’Liewe kennenzeléieren. Et ass kee fast food. E gudden Text brauch vill Zäit. E sollt geschriwwe ginn, leie gelooss ginn, iwwerschafft ginn, e sollt ofkillen op en Neits, nach emol opgerullt ginn, éier e géigegelies muss ginn, ech betoune muss, vun engem kompetenten a kritesche Lektor. Duerno eréischt gesäit ee virun. Dat hunn ech och musse léieren.

Wat sollt sech Ärer Meenung no, an der Lëtzebuerger Literaturszene änneren?

Ech fannen, dass déi jonk Leit zum Schreiwe sollten encouragéiert ginn. Si hu vill ze zielen a mer sollten se kënne liesen. Do spillt d’Schoul eng ganz grouss Roll. Ech selwer hunn och duerch den Escher Jongelycee Goût un der Literatur fonnt. Dass d’lëtzebuerger Auteure sech sollten zesummerafen, war och ëmmer dem Roger Manderscheid säi grousse Wonsch. Déi nei Vereenegung A:LL Lëtzebuerger Schrëftsteller geet do e couragéierten a wichtege Wee.

Kënnt Dir eis eng Geschicht an zéng Sätz schreiwen?

Cattenom

An de Beem jäize Kueben. Schwaarz a gro hucke s’op den Äscht. Et gouf Reen gemellt. De Wand kënnt aus Westen. Ech stinn op der Kanfer Knupp. Cattenom läit am Bléckfeld. D’Tierm blose Waasserdamp op d’Weeden. D’Kéi perchen. Si kucke mat groussen An erop. Ech géing mer wënschen, dass ech erof kéint blënzelen, de Kapp an de Wolleken …

Huet de Corona Äert Schreifverhalen verännert?

Net wierklech. Ausser dass ech nach méi Zäit hat fir ze schreiwen. Ob d’Texter doduerch besser gi sinn, weess ech net. Wat ech vill vermësst hunn, war de soziale Kontakt mat de Frënn an de Kollegen, sech owes op eng Terrass setzen, eng Bekanntschaft begéinen, schnëssen, diskutéieren. Wat awer ni gefeelt huet, geleeëntlech, war de Patt Rouden. Ech hoffen, dass dee ganzen, schlëmmen Zirkus geschwënn eriwwer ass.

An elo kënnt et zu der Buchbespriechung

An der Buchbespriechung sollt et eigentlech ëm dem Jean Back säin historesche Roman L’Arc di Marianna, deen bei den Editions Binsfeld erauskomm, goen.

Ma soulaang wéi den Auteur gebraucht huet, fir d’Buch ze schreiwen, esoulaang hunn ech gebraucht fir et ze liesen. Mat sengen 500 Säiten ass d’Buch nawell eng schwéier Schank, dobäi kënnt nach, datt et net einfach ze liesen ass. Et muss e konzentréiert dru bleiwen, ma dann lount et sech. An dem impressionanten Epos geet et ëm den italienesche Poléierer Cosimo a séng grouss Léift Marianna.

1976 verännert e schwéiert Äerdbiewen dem Cosimo säi Liewen. D’Marianna ass verschwonnen, d’Hoffnung an Trauer wiesselen sech of. Op der Sich no Aarbecht an nom Sënn vum Liewen begëtt de Cosimo sech op eng grouss Rees duerch Europa. Begleet gëtt hien dobäi vun dräi Frënn. Den Auteur Jean Back huet et fäerdeg bruecht d’Themen Krich, Emanzipatioun, Ausbeutung, Auswanderung Et ass gelongen ënnerschiddlech Identitéiten a Liewen an d‘Geschicht ënnerzebréngen ouni datt et « zevill » ass. Mat de Kapitelen verginn d’Joren, a beemol si mir an der Géigewaart (an zu Lëtzebuerg). Et ass intensiv, Säit fir Säit. Ma eent ass sécher, och dem Här Back säin nächste Roman fënnt eng Plaz a mengem Bicherregal.

Dernières nouvelles