D’Arméi bei de Schüler

Den 17. an 18 Mee huet déi lëtzebuergesch Arméi Informatiounsdeeg fir Schüler organiséiert, déi sech bei der Beruffswiel nach onsécher sinn.

Déi Interesséiert, kruten eng dynamesch Virféierung gebueden. Dono gouf et nach eppes am Fräien ze iessen. Kuerz drop konnten d’Schüler sech uerdentlech bei Informatiounsstänn informéieren.

Ma dat ass nach net alles

Den 10. Juli (um 10 Auer) fënnt eng Porte-Ouverte an der Grand-Duc-Jean-Kasär statt. Jonk an al sinn invitéiert – et gëtt vill ze entdecken. Méi ewéi 20 Aktivitéite ginn zu dësem Zweck ugebueden.

Dernières nouvelles