Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 27. Dezember bis den 2. Januar

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch 5.641 Persoune (+110%)mam Coronavirus ugestach hunn.

Ënnert dësen neien Infektioune läit den Inzidenztaux vun den net geimpfte Persoune bei 952,65 pro 100.000 Awunner an 858,95 pro 100.000 Awunner, déi ee vollstännegen Impfschema haten. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 33,9 Joer.

Et goufen23.008 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 25.070 Tester, se sinn erofgaangen. 151 Schnelltester si positiv ausgefall.

Vun de 47 Persounen am Spidol sinn der 22 net geimpft. Op der Intensivstatioun leie ganzer 20 Patienten, wouvunner der 14 net geimpft sinn. Den Alter vun den hospitaliséierte Persoune läit am Duerchschnëtt bei 56 Joer.

Den 26.Dezember goufe 8.448 aktiv Infektioune gemellt. Am Ganzen ziele mir 95.993 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 5 Fäll. D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persoune läit bei 77 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 1,30, am Géigesaz zu 0,88 fir d’Woch virdrun. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester ass op e Wäert vun 24,52% geklommen

D’Inzidenz läit bei 889 Fäll op 100.000 Awunner op 7 Deeg gezielt. Bei den 0 bis 14 Järegen ass d’Inzidenz ëm 37% geklommen. Besonnesch bei Persounen iwwer 75 Joer gëtt et eng staark Erhéijung (+182%), duerno kommen Persounen am Alter tëscht 15 an 29 Joer (+178%)

Et waren 8.122 Persounen an Isolatioun (+35%) an 2.540 hu sech a Quarantän befonnt (-21%). De Familljekrees ass mat 32,8% déi gréisste Geforequell sech unzestiechen. Duerno kommen Auslandsreesen (10,5%), Fräizäitaktivitéiten (4,8%) an d’Aarbecht (3,1%).

An der Woch vum 20. bis de 26. Dezember gouf am Ganzen 30.991 Dosen administréiert. 3.111 Persounen kruten hir éischt Dosis, 2.341 Persounen déi Zweet. De Booster hunn 25.539 Persounen erhalen. Esou weisen fir déi lescht Woch 444.896 Persounen e kompletten Impfschema op (80,4% vun der Bevëlkerung ab 12 Joer).

Et sief nach emol drun erënnert, datt den Impfzenter am Hall Victor Hugo duerch technesch Problemer an d’Luxexpo The Box op de Kierchbierg geplënnert ass. D’Rendez-vousen gi bäibehalen, fannen awer op enger anerer Plaz statt.

Well d’Ekipp vum Contact Tracing iwwerlaascht ass gëtt geroden, bei engem positiven Test direkt déi Persounen ze kontaktéieren, mat deenen een déi 2 Deeg virdrun an enkem Kontakt stoung. Et soll ee sech selwer an Isolatioun setzen. D’Isolatiounszäit gouf iwwregens fir geimpft a geboostert Persounen verkierzt.

Passt op Iech op a bleift gesond.

Dernières nouvelles