Éisträich féiert Covid19-Impfflicht an

Et wier eng „gesellschaftlech“ Fuerderung… mee léist se sech politesch duerchsetzen?

Datt déi um Freideg ugekënnegt Impfflicht deen een oder anere soll iwwerrascht hunn, wéi dat a ville Medien duergestallt gëtt, erschléisst sech eis net. No der Annonce vum Kanzler Alexander Schallenberg, datt déi Ongeimpft solle confinéiert ginn an dem sech uschléissenden allgemenge Lockdown fir Ueweréisträich a Salzburg, ass dësen neie Schratt politesch novollzéibar a logesch.

Et war den éisträichesche Gesondheetsminister, Wolfgang Mückstein (die Grünen) deen sech net nëmme fir den erneite Lockdown staark gemaach huet, mee och vu senge Koalitiounspartner an der parlamentarescher Oppositioun geroden huet, nach emol iwwert déi allgemeng Impfflicht fir all Éisträicher iwwer 18 Joer anzeféieren. Am Ministerrot vun ee Freideg ass et zur Decisioun komm.

Dës allgemeng Impfflicht soll, esou den Alexander Schallenberg schonn ab Februar 2022 gëllen. Kléngt no engem klore Plang an och wann dëse maximal ëmstridden ass, reng juristesch gesinn, wier dës Covid19-Impfflicht méiglech… Dat eleng wäert awer net duer goen, besonnesch wou de politesche Klima am Alpeland den Ament: „schlecht… ganz schlecht“ ass. An awer, et geet virun.

Mir hale Fest, datt déi rietspopulistesch FPÖ kloer géint esou ee Gesetz ass an et och bannent der Liberalen eppes Bedenken huet. Dohuet et Elementer déi Froen an de Raum gestallt hunn: „Wéi soll dat ëmgesat ginn? Kann een engem militanten Impfgéigner géint säi Wëllen d‘Sprëtz an den Aarm jummen? Léisst sech dat mat der Verfassung an Aklang bréngen? Wat seet d‘EU-Recht dozou?“.

Komplex Froestellung, einfach Äntwert

Fir dem Alexander Schallenberg ass eng Impfflicht méiglech. Hie weist drop hin, datt seng däitsch Noperen 2020 eng Impfflicht fir d‘Riedelen agefouert hunn. An Éisträich hat et an de 70er jo och eng Impfflicht géint Pouken… Richteg ass allerdéngs, datt sech zanter de 70er d‘Grondrechter vun de Bierger weiderentwéckelt hunn, firwat esou ee Gesetz net nëmme muss gutt begrënnt sinn.

Bis heihinner huet jo eenzeg de Vatikanstaat d‘Impfflicht per Gesetz ëmgesat, mee méi wéi sech vun dësem Text inspiréieren ze loossen, wäert den Éisträicher net vergënnt sinn. Zudeem ass de Vatikan mat senge Kierchemänner net vun dëser Welt. Do wou et fir déi éisträichesch Regierung dierft komplizéiert ginn, ass beim Volet „Sanktiounen“. Wat eegent sech fir déi wou sech weigeren?

Fir de Peter Bussjäger, Verfassungsrechtler vun der Universitéit zu Innsbruck (Tirol), wier eng Geldstrof en appropriéiert Mëttel. Firwat? Ma wëll entspriechend dem Europäesche Geriicht fir Mënscherechter (EGMR) Geldstrofen zoulässeg sinn, wann d‘Héicht dovunner verhältnesméisseg ass. Hei wieren dann nees all déi fein eraus, déi sech de finanzielle Widderstand leeschte kënnen.

Nieft dem Bussjäger, huet sech dann awer nach de Professer fir Medezin-Recht Karl Stöger an den Debat abruecht, dat wat dann d‘Ëmsetzung betrëfft. Hie schléit vir, datt d‘Gesondheetsverwaltunge mat engem Ofgläich vum Melde- an Impfregëster all déi Leit ermëttele kënnen, déi sech (nach) net impfe gelooss hunn. Dës sollen dann eng „Aluedung“ zur Impfung bannent enger Frist erhalen.

Géif dës Frist net agehalen, soll – wéi dat jo scho bei den automatiséierte Protokoller de Fall ass – direkt no Oflaf vun der Frist, de Protokoll zougestallt ginn. Och hien hält hei d‘Verwaltungsstrof fir engersäits gesellschaftlech vertrietbar, an anersäits als Hëllefsstellung fir Mënschen, déi sech vun aneren zum Feelverhale verleede gelooss hunn, an net wësse wéi se do nees eraus komme sollen.

Antizipéiere wier eng Optioun

D‘Verfassungsgeriicht, datt sech onweigerlech mam Thema wäert befaasse mussen, huet sech nach net zu den neie politeschen Entwécklungen an och net zur méiglecher Impfflicht ab Februar 2022 geäussert. Dëst Geriicht hat schonn am pandemesche Kontext eng ganz Rëtsch u Veruerdnunge gekippt, wëll dës net mat der Verfassung an Aklang konnte bruecht ginn. Hei dierft et anescht sinn.

Elo kéint et eis u sech egal sinn wat d‘Éisträicher fir sech entscheeden, woubäi natierlech ganz Europa, also net nëmmen d‘EU-Kommissioun zu Bréissel, dëse politesche Spektakel mat grousser Opmierksamkeet verfollegt. Géifen d‘Éisträicher esou eng Impfflicht duerchgesat kréien, wäert et vill Interessenten hunn, déi sech den Text akribesch duerchliesen, fir dat och bei sech ëmzesetzen.

Vläicht sollt och drop higewise ginn, datt et méiglecherweis déi besser Entscheedung wier, wann een sech a Punkto Impfflicht op europäeschen Niveau géif eng gemeinsam Linn eenegen. Leider sinn sech d‘Länner – aus Grënn – ni eens, firwat dann éischter dovunner auszegoen ass, datt et nees en europäesche Fléckenteppech wäert hunn. Zudeem kënnt dëse Schratt, wéi esou oft, eppes spéit

Den allgemengen Dissens, d‘Kakophonie an déi am Stonnentakt sech widderspriechend Aussoen a Moossnamen, féieren zuweilen zu Ausschreidungen, et sinn schonn éischt Schëss am Covid19-Kontext gefall. Dat schlëmmst ass a bleift: si hunn de Leit de Choix gelooss, wollten awer datt dës Leit „hire Choix“ wielen a sech impfe loossen. Wa si op Aenhéicht mat de „Leit“ wieren hätten si gewosst datt sech dat esou net konnt opgoen. Absicht oder Dommheet? Wuel vun allem eppes….

mat indymedia/vie/szg

Dernières nouvelles