Covid-19-Impfung: E Rappell gëtt fir verschidde Persoune recommandéiert

Den Ieweschte Rot vun den Infektiounskrankheeten (CSMI) réit zu engem Rappell vun der Covid-19-Impfung, dat fréistens 6 Méint no der kompletter Éischtimpfung. Concernéiert vun dëser Recommandatioun si Persounen ab 65 Joer, egal ob si Doheem oder an engem Fleege- respektiv Altersheem wunnen, d‘Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur sou wéi d‘Assistente vun (Zänn)Dokteren.

Duerch dëse Rappell soll en erhéichten Impfschutz garantéiert a virun engem schwéiere Verlaf geschützt ginn. Gläichzäiteg soll de Risiko, de Virus op vulnerabel Persounen ze iwwerdroen an e Manktem u Personal ze erliewen, reduzéiert ginn. Schliisslech schützt d‘Impfung net nëmmen ee selwer, mee och d‘Leit ronderëm.

Egal wat ee bei der initialer Covid-19-Impfung verofreecht krut, beim Rappell gëtt en mRNA-Vaccin genotzt. Persounen, déi souwisou bei den éischten zwou Dosen esou e Mëttel kruten, sollen de Produit vum selwechten Hiersteller nach emol kréien.

D‘Invitatioune ginn nees per Post un déi concernéiert Persoune geschéckt. Um Pabeier stinn Detailer, wéi een en Termäin an engem vun den 3 Impfzenteren, respektiv beim Hausdokter (Lëscht vun den deelhuelenden Dokteren op impfen.lu) hëlt.

Medezinescht Assistenzpersonal muss vum Dokter, fir dee si schaffen op MyGuichet agedroe ginn. Heizou wäerten et weider Informatioune vun der Gesondheetsdirektioun ginn. Bei Froe kann ee sech un d‘Telefonsnummer (+352) 247-65533 wennen.

Fir Persounen ënner 65 Joer a vulnerabel Leit gëtt aktuell nach kee Rappell recommandéiert. Bei Persounen mat Immunschwächt, déi eng Organtransplantatioun erlieft hunn oder reegelméisseg an d‘Dialys mussen, gëtt souwisou eng drëtt Dosis virgeschriwwen. Hei sollt de Schema esou ausgesinn, datt Betraffener 4 Wochen no der éischter Dosis déi zweet Dosis, an dann nees 8 Wochen duerno déi drëtt Dosis kréien. Soumat gëtt hei net vun engem Rappell geschwat.

Dernières nouvelles