Coronavirus a staatlech Repressioun treffen openaner

Zu Rotterdam huet d‘Police op Covid19-Krawallmécher geschoss

Iwwert hiren Twitter-Kanal an de Live-Blog huet d‘Police matgedeelt, datt et am Zesummenhang mat de Warnschëss, déi d‘Beamten am Kontext vun enger „wëller“ Demonstratioun ofginn hunn, blesséierter ginn huet. Laut dem leschte Stand, wiere siwe Persounen hei verletzt ginn.

Et schéngen allerdéngs net nëmme Poliziste geschoss ze hunn, firwat et zur Stonn net wierklech eppes wéi eng Iwwersiicht zum ganze Virfall huet. Wat gewosst ass: ee puer Honnert Mënschen haten sech spontan zu enger Demonstratioun, géint déi ugekënnegt Covid19-Mesuren, zesumme gedoen. Dat am Zentrum vun der hollännescher Hafestad, an natierlech war d‘Demonstratioun vu kengem ugemellt ginn…

Datt do d‘Police och en Optrëtt huet, ass gewosst. Ob dat zum Zenario vun den „Organisateure“ gehéiert huet? Méiglech, well d‘Demonstratioun ass zügeg aus de Fuge geroden. Et hu gewëssen Elementer vun dësem illegalen an elo och gewalttätege Protest Bränn geluecht. Policeautoe sinn a Brand gestach ginn… Wéinst dem Feier sinn Pompjeeën ugeréckt, déi dann och ganz däitlech zu Zilscheif vum opbruechte Mobb goufen.

Sënn an Zweck vun dëser ganzer Gewalt soll et sinn, d‘Regierung dovunner ofzehalen, respektiv derzou ze ermontere vun der 2G-Reegel Ofstand ze huelen. Wat jo wuel éischter net geschéie wäert, zumindest net bezunn op déi aktuell Infektiounswell. Zanter dem leschte Samschdeg gëllt ee sougenannte partielle Confinement. Deen eleng schéngt net wierklech duer ze goen, firwat dann decidéiert gouf d‘2G-Reegel ëmzesetzen.

Wann ee sech dann awer emol d‘Ausmooss vun der Gewalt zu Gemitt zitt, datt gëschter eendeiteg vun den Demonstranten ausgaangen ass, stellen sech Froen. Natierlech muss ermëttelt gi firwat d‘Police iwwerhaapt geschoss huet, anersäits schéngt net nëmmen d‘Police „geschoss“ ze hunn… Fir Uerdnung ze schafe sinn d‘Bereetschaftspolice an d‘Waasserwerfer agesat ginn. Eenheeten aus dem ganze Land sinn op derPlaz.

mat indymedia/rtm

Annex: Rellen Rotterdam: gewonden door schoten, volgens politie nog onrustig (NOS)

Dernières nouvelles