Asti: Coach4work

Loscht op eng Erausfuerderung? Ma da gitt éierenamtlechen Beschäftegungscoach bei ASTI. Esou kënnt dir net nëmmen Äert Liewe veränneren, ma och een anert.

Dobäi ass et egal, ob dir nach aktiv schafft oder schonn d’Pensioun genéisst – et ass dach bestëmmt schéin, d’Beruffserfarung ze deelen an a Projeten anzebréngen.

Beschäftegungscoach bei ASTI bedeit, sech konkret fir ee Projet ze engagéieren, dee Sënn mécht. No enger Formatioun vun engem Dag, sidd Dir prett. Dono kënnt Dir enger aarbechtssichender Persoun bei senge Demarchen hëllefen an him esou ënnert d’Äerm gräifen.

Dës Beschäftegung dauert 2 bis 3 Stonnen an der Woch – an am Ganzen ongeféier 4 – 6 Méint. Mat dëser Ënnerstëtzung ass et méi einfach « op d’Been ze kommen ». Oder sech villäicht nei ze orientéieren. Dobäi ass et Är Aufgab, déi ze coachend Persoun op Virstellungsgespréicher ze preparéieren, hien op d’Aarbechtswelt hei zu Lëtzebuerg opmierksam ze maachen. Ma dat ass net alles! Är Ënnerstëtzung kann der Persoun hëllefen eng nei Aarbecht oder Zukunftsperspektiv ze fannen. An esou huet dës Persoun bemol e Sënn am Liewe fonnt. Dir villäicht och?

Wann Dir interesséiert sidd oder weider Informatioune braucht, mellt iech hei.

Iwwregens gëtt dës flott Initiative vum Fonds Social Européen a vum Aarbechtsministère ënnerstëtzt.

Dernières nouvelles