Wien de Moment net esou a Chrëschtdagsstëmmung ass a keng Loscht op « Der kleine Lord » oder d’Sissi huet, deen kritt hei e puer Empfeelungen, déi definitiv näischt fir schwaach Gemidder sinn.
Anna und déi Apokalypse
Eigentlech geet de Film nawell zimlech lëschteg un – esou ewéi een Highschool-Musekfilm. Ma et gëtt ganz séier batteren Eescht. Eng Zombie-Invasioun geet lass. An elo? Sangen oder ëm d’Liewe rennen?
Better Watch Out
Kleng Stied – eppes Besseres gëtt et net fir idyllesch Familljen. Ma dëst Joer ass et fir eng Babysitterin an ee klenge Bouf d’Häll. D’Abriecher hunn nämlech näischt Guddes am Kapp.
American Horror Story
Wien Disney+ huet, kann sech déi véiert Folleg vun der neier Staffel American Horror Story ukucken. Do gëtt Chrëschtdag nämlech op een anere Level bruecht. Influencer, déi ee béise Video an d’Netz gestallt huet, gi gestroft.
The Lodge
An engem Vakanzenduerf léieren d’Verloobten an déi zukünfteg Stéifkanner sech kennen. Dat gëtt allerdéngs vun ale, grausamen Dämonen ënnerbrach.
A Christmas Horror Story
Ee Radiosmoderator erzielt Hellegowend Geschichten, déi Albdreem ausléise kënnen. D’Geschichten sinn onofhängeg an nawell gutt bluddeg! Schwaarzen Humor verfeinert dat Ganzt nach.
Wien allerdéngs op e puer Traditiounen wäert leet, deem recommandéieren ech d’Gremlins an Stirb langsam mam Bruce Willis.