Gëschter sinn 38 haaptberufflech Pompjeeën am CNIS vereedegt ginn. No zwee Joer Formatioun, déi besonnesch vun der Pandemie gepräägt war, hu si erfollegräich d’Ofschlossexamen gepackt an dierfen elo offiziell fir de Rettungsdéngscht bei Asätz hëllefen.
Nieft den 38 vereedegte professionellen Asazkräfte, waren och d’Lydie Polfer an hirer Funktioun als Presidentin vum Verwaltungsrot vum CGDIS, de Paul Schroeder, Direkter vum CGDIS an d’Inneministesch Taina Bofferding bei dësem feierleche Moment dobäi.

Dobäi gouf de Beruffspompjeeën natierlech häerzlech gratuléiert, awer och op déi iwwerstanen an déi zukünfteg Erausfuerderunge vun de jonke Fonctionnaire gebléckt. An dësem Kader huet d’Inneministesch och op den nationale Plang fir d’Organisatioun vum Hëllefsdéngscht (PNOS) higewisen, deen eise Pompjeeën landeswäit déi noutwenneg Mëttel soll ginn, fir bei Noutfäll schnell an effikass handelen ze kënnen.
Ma, an der nächster Woch wäert eng nei Recrutementscampagne vum CGDIS lancéiert ginn. Gesicht ginn nämlech 7 Offizéier.