Buchtipp: Infinitum vum Christopher Paolini

Mir sinn net eleng am Universum. Datt de Christopher Paolini mat dësem Buch, verëffentlecht am Droemer-Knaur Verlag, esou erfollegräich war, huet mech iwwerrascht.

Schliisslech huet hie mat der Eragon-Rei ee gewaltegen Epos geschriwwen. Mee dëst Buch ass einfach allerbeschte Science-Fiction, mat enger staarker an ofwiesslungsräicher Handlung.

Zemools d’Kira ass eng gelongen Protagonistin, hatt huet ëmmer dovunner gedreemt, nei Welte ze erfuerschen. Mee elo entwéckelt säi leschten Asaz sech zu engem Albdram.

Hatt befënnt sech op engem Planéit, deen kuerz virun der Kolonialiséierung steet. Ma d’Kira entdeckt eppes Komesches – nach kee Mënsch huet et gesinn. Déi zwee hu Kontakt a verbanne sech ongewollt. A mam Kira sengem Kierper wëll dëst Déngens d’Ausläschung vun der Welt aleeden.

Ausser hatt fënnt ee Wee fir ze iwwerliewen …

D’Buch ze liesen, war eng grouss Aventure. Déi komplex Welt, d’Technik an d’Wëssenschaft, hu mäi Kapp bëssen dämpe gedoen. Pausen dertëschent si wuel keng schlecht Iddi.

De Christopher Paolini huet ee groussaartege, bildgewaltegen, poeteschen an intellektuellen héichwäertege Schreifstil, deen nach laan nohaalt.

Dëst Buch wäert mech nach eng Zäit laang begleeten. Et war eng schéi Rees.

Dernières nouvelles