Verëffentlechung vu Buch mat innovatiive Bauprojeten

Am Kader vun de Feierlechkeeten zum 111. Bestoe vun der Verwaltung vun den ëffentleche Gebaier, huet de François Bausch, Minister vun der Mobilitéit an ëffentlechen Aarbechten, dem Éierendirekter Jean Leyder esou wéi dem Direkter vun der Verwaltung vun den ëffentlecher Gebaier, ee besonnescht Buch iwwerreecht.

Dëst enthält 111 Projete vu Gebaier aus dem leschten Joerzéngt.

Zemools an dëser Welt, déi sech op Nohaltegkeet fokusséiert, besteet d’Missioun vun der Verwaltung doran, d’Realiséierung vun funktionelle Projeten ze fërderen. D’Verwaltung vun den ëffentleche Gebaier plangt dobäi genee a féiert déi ënnerschiddlechst Programmer duerch. Dës garantéieren Qualitéit, Budget an Zäitplanung. Dobäi gëtt nach d’Komplexitéit vun der Integratioun an Technik. Bei all suergfälteger Planung kann de Projet als Beispill an der Branche déngen.

Dës 111 Projeten, déi am Buch ze fanne sinn, ginn no hirer Haaptfunktioun virgestallt. Dozou zielen europäesch Institutiounen a staatlech Verwaltungen esou wéi representativ Uertschaften, Schoulinfrastrukturen, Jugendzentren an nach villes méi.

D’Buch ass a franséischer Sprooch verfaasst an huet 272 Säiten. Ab dem 1. Oktober 2022 ass et an der Receptioun vun den ëffentleche Gebaier disponibel.

Interesséiert? Da schéckt ee Mail un secretariat@bp.etat.lu fir sech een Exemplar ze versuergen.

Virwëtzeger kënne schonn hei an déi digital Versioun erakucken.

Dernières nouvelles