„All is true“ – D‘Ongléck vum ale Globe Theatre zu London

De Publikum huet grad gespaant d’Uropféierung vum Shakespeare sengem Drama „All is true“ verfollegt, wéi de Globe Theatre bemol Feier gefaangen huet. D’Freed un der Kultur sollt net laang halen an esou ass d’Schauspillhaus esou schnell ausgebrannt, wéi een „William Shakespeare“ soe kann. Beim Ongléck virun iwwer 400 Joer ass glécklecherweis keng Persoun blesséiert ginn.

Erbaut ginn ass den éischte Globe Theatre am Joer 1599 vun der Theatergrupp, der och de Shakespeare ugehéiert huet. Am ganzen haten esou 6 Männer Undeeler um Schauspillhaus, woubäi de Groussdeel vum Objet de Bridder Richard a Cuthbert Burbage gehéiert huet. No just 14 Joer war et dunn eriwwer mam Spaass.

Am éischten Akt vum berühmten engleschen Dramatiker a Lyriker sollt de Kinnek ee Maskenball besichen, bei deem e sech an d’Anne Boleyn verléift. Zum Austausch vun Hierzer a Gefiller ass et allerdéngs net méi komm. Wärend dem Theaterstéck sinn nämlech Kanouneschëss ofgefeiert ginn, woubäi brennbart Material, mat dem déi kleng Kanoune gefëllt waren, den Stréidach vum Globe Theatre getraff huet. A manner wéi enger Stonn stoung dat kulturell Gebai och scho komplett a Flamen.

Globe Theatre Brand
C. Walter Hodges – Folger Shakespeare Library (CC BY-SA 4.0)

Et war alles net esou uspriechend

D’Theatergebai an England huet bis zu 3000 Persoune Plaz gebueden. Vu baussen erkennt een de Fachwierkbau an den Dach aus Stréi a Schilf. Bannen invitéiert een oppenen Haff mat Bühnepodest op kulturell Stéck. De William Shakespeare war selwer Matbesëtzer vum Theater op der Südsäit vun der Themse. De Véierel war bekannt fir seng Bordellen an Optrëtter vu Gaukler mat wëllen Déieren.

Nom Brand ass de Globe Theatre rekonstruéiert ginn. D’Puritaner sinn awer weder gären an dës Géigend komm, nach hu si vill vun dëser Aart vun Ënnerhalung gehalen. Just ee Joer huet et gedauert, bis den Theater nees zougemaach ginn ass. Kuerz drop huet een d’Schauspillhaus dunn ofgerappt, fir esou méi Plaz fir d’Wunnhaiser ze kréien.

Den neie Globe Theatre, deen nach haut all Joer vun zuelräich Touriste besicht gëtt, baséiert op enger Iddi vum amerikaneschen Acteur a Regisseur Sam Wanamaker. Nodeems den Architekt Theo Crosby seng Fanger mat am Spill hat konnt een am Joer 1977 d’Schauspillhaus opmaachen. Et befënnt sech zu Bankside, ronn 180 Meter vum éischte Globe Theater ewech.

Méi zum Shakespeare

De William Shakespeare gehéiert zu de gréissten Dramatiker vund er Weltliteratur. Am Joer 1564 ass hien zu Stratford-upon-Avon gebuer ginn. Als jonke Bouf huet hien d’Latäinschoul besicht, eng Universitéit huet hien awer ni vu banne gesinn.

Mat 18 Joer bestit hien d’Anne Hathaway – nee net déi amerikanesch Schauspillering – mat dem hien zwee Meedercher an ee Jong kritt. Säit den 1590er Joer war de Shakespeare Member an enger Londoner Theatergrupp, woubäi hien 1592 eng éischte Kéier als engleschen Dramatiker an der Haaptstad ernimmt gëtt. Besonnesch bekannt ass hie fir seng Wierker, wéi „Hamlet“ (ëm 1600), „Macbeth“ (ëm 1600) oder och „Romeo a Julia“ (ëm 1595).

Dernières nouvelles