Booster-Impfung: Elo schonn no 3 Méint méiglech

Eréischt viru kuerzem gouf den Delai vum „Booster vu 6 op 4 Méint verkierzt. Duerch déi héich Infektiounszuelen an d’Bedreeung duerch den Omikron huet de Regierungsrot e Freideg decidéiert, schonn 3 Méint nodeems den Impfschema vervollstänneg gouf, e Rappell ze verofreechen.

Den Delai vun 3 Méint bezitt sech dobäi op Persounen, déi hir zwou mRNA-Dosen, zwou Injektioune mam AstraZeneca-Impfstoff oder e Mix&Match kruten. Wien Johnson&Johnson krut, soll ee Mount drop de Rappell kréien. Och ee Mount no engem positive PCR-Test-Resultat soll geboostert ginn. Dës Moossname gëlle fir Persounen ab 12 Joer.

Et sief drun erënnert, datt concernéiert Persounen eng Invitatioun per Post geschéckt kréien. Op den Dokumenter sinn all wichteg Informatiounen ze fannen, wéi een e Rendez-vous hëlt. Dat ass iwwregens obligatoresch, ausser fir Lëtzebuerger Residenten, déi hir éischt Impfung am Ausland kruten.

De Booster kritt een an engem vun den nationalen Impfzenten (Esch-Belval. Kierchbierg, Ettelbréck, Findel) oder beim Hausdokter (Lëscht vun den deelhuelende Medezinner op www.impfen.lu). Op dëser Plaz weise mir nach emol drop hin, datt d’Rendez-vousen am Impfzenter am Hall Victor Hugo duerch technesch Problemer an d’Luxexpo The Box verluecht goufen.

Dernières nouvelles