Scho geboostert? Delai vu 6 op 4 Méint verkierzt

Wéi de Staats- a Gesondheetsministère de Mëtteg matgedeelt hunn, wäert et fir Persoune mat engem „kompletten Impfschema“ schonn no 4 Méint déi drëtt Dosis vum Covid-19-Impfstoff ginn. Geboostert gëtt dobäi just op Rendez-vous, d’Invitatioune ginn per Post verschéckt.

Bezéien deet sech dësen Delai op Persounen, déi zwou Dose Moderna oder BioNTech/Pfizer, e sougenannte Mix&Match (AstraZeneca an en mRNA-Impfstoff), respektiv zwee Mol AstraZeneca gesprëtzt kruten. Wien eng Dosis Johnson&Johnson verofreecht krut, dee muss ee Mount no dëser Injektioun en mRNA-Impfstoff kréien.

Zënter dem 1. Dezember gëtt de Booster just op Rendez-vous an den nationalen Impfzentren administréiert. Heizou gehéieren d’Raimlechkeeten zu Esch-Belval, Ettelbréck, um Findel (LAR), sou wéi an der LuxExpo The Box. Et sief nach emol drun erënnert, datt d’Rendez-vousen vum Hall Victor Hugo duerch technesch Problemer op de Kierchbierg verréckelt goufen.

Op den Invitatiounen, déi vun der Regierung per Post verschéckt ginn, sinn déi verschidden Etappen erkläert, wéi een e Rendez-vous hëlt. Just Lëtzebuerger Residenten, déi hir éischt Dosis am Ausland kruten, dierfen ouni Termäin geboostert ginn. Weider Informatiounen ginn et op www.impfen.lu an www.covid19.lu.

Dës weideren hunn d’Ministèren drop higewisen, datt ab dem 6. November e Pop-Up-Impfzenter am Hall vun der Stater Gare seng Dieren opmécht. Domat gëtt de Service am Stadzentrum ofgeléist. Vu Méindes bis Freides vun 10 bis 16 Auer wäert do wéi scho gewinnt och ouni Rendez-vous geimpft ginn.

Dernières nouvelles