Biennale De Mains De Maîtres: En immense Gewënn fir d’Konschthandwierk

Vum 20. bis den 28. November 2021 huet am 19Liberté déi 3. Editioun vun der Biennale De Mains De Maîtres an domat net nëmmen d’Visiteuren, mee och d’Artiste selwer begeeschtert. Eng spektakulär Kollektioun aus iwwer 300 Stécker, ugefäerdegt mat den ënnerschiddlechsten Techniken an aus de verschiddenste Materialien gouf gewisen.

Et war DAT Evenement, fir mam veraalte Bild vum Konschthandwierk opzeraumen. Schliisslech huet sech och dëse Beräich ëmmer virun entwéckelt, an d’Kombinatioun aus eisen haitege Moyenen an der enormer Kreativitéit féiert zu bewonnerenswäerten eenzegaartege Resultater.

Do ass et natierlech net verwonnerlech, datt d’Biennale en immens positive Bilan zéie kann. Ënnert dem Thema „Viv(r)e la matière“ hu 67 Lëtzebuerger Kënschtler, 8 Däitscher an 13 Belsch jeeweils 3 Wierker presentéiert. Dobäi kommen d’Aarbechte vu gutt 10 Manufakturen an europäesche Schoulen.

Biennale De Mains De Maîtres
© Shari Pleimelding / moien.lu

Ronn 10.000 Visiteuren wollte sech dës Veranstaltung net entgoe loossen, woubäi esou munch Gäscht elo och verschidde Kreatioune bei sech doheem bewonnere kënnen. Ëm 50 Wierker goufen nämlech verkaaft, woubäi besonnesch e Stéck vum Arthur Unger am Wäert vun 13.000 € ernimmt gëtt.

Ma, an der ganzer Stad gouf e Parcours vum Konschthandwierk ugebueden. Esou war beispillsweis an der Villa Vauban d’Keramik, am City Museum d’Glas, am Cercle Cité d’Bijouen an am Casino den Design vertrueden.

Dernières nouvelles