#KeeContournement: Nei Aktioune vun der BIGS ugekënnegt

An hirem éischten Infoblat fir dëst Joer deelt d’Biergerinitiative Gemeng Suessem asbl – kuerz BIGS – nei Aktivitéiten fir dat éischt Trimester vum Joer 2022 un.

Heizou gehéieren:

Aktioun Bobësch – De Kampf ëm de Bësch geet weider!
Samschdes, den 8. Januar vun 11:00 bis 12:00 Auer

Aktioun Bobësch – Plaquetten ‘En Häerz fir de Bësch!’
Samschdes, den 12. Februar vun 11:00 bis 12:00 Auer

Generalversammlung
Donneschdes, de 24. Mäerz um 19:00 Auer

20 Joer BIGS
Mëttwochs, den 20. Abrëll um 20:00 Auer am ARTIKUSS

Am Detail schreift d’BIGS zur Aktioun vum 8. Januar Folgendes:

« DE KAMPF ËM DE BËSCH GEET WIEDER!

No dem Iwwereeschen vun engem gemeinsamen APPELL mat eise Partner Natur&Ëmwelt, Mouvéco régional-sud an Youth for Climate Lëtzebuerg fir e MORATOIRE vum Bau vum Contournement vu Käerjeng un den Chamberpresident geet de Kampf géint dee sënnlosen Projet weider!

D‘BIGS asbl ass weider aktiv an hirem Kampf fir d’Erhalen vun der Natura-2000-Zone an dem Bobësch. Eisen Verwaltungsrot ass erweidert a verstäerkt ginn an weider geet et och mat eisen Aktiounen!

Eng 1. Aktioun ass schonn direkt dëse Samschdeg 8. Januar, géint 11 Auer, an der Entrée vum Bobësch an vum Zäemerbësch (tëschent Suessem a Käerjeng – Gare CFL) wou mir Banderolen ophänke wäerten an zesummen mat engem waarmen Téi op dat neit Joer ustoussen.

An Zäiten vun der Urgence climatique ass et suicidaire, an enger Géigend déi zu den bësch-ärmsten vun eisem Land gehéiert, einfach e wertvollen ale Bësch wéinst enger Strooss ze zerstéieren. Experten warnen do virdrunn, wëll dësen 150 Joer aale Bësch ka net kompenséiert ginn an ass en onersätzlechen CO2-Killer deen mir och sou néideg brauchen fir eis Klimaziler ze erreechen.

Et geet duer mat den eidele Verspriechen vun der Politik – et muss konkret gehandelt ginn. Net eréischt muer, ma haut an elo direkt! Et ass nach kee Schued geschitt! Nach sinn d’Beem intakt an nach ass d‘Naturschutzgebidd d’Heemecht vu ville seelenen Déieren- a Planzenaarten déi wäertvoll a wichteg fir d’Erhalen vun der Biodiversitéit sinn.« 

Am Infoblat gëtt och e Réckbléck op d’Beméiunge vum leschte Joer geworf. Thema ass ënnert anerem de Moratoire zum Bau vum Contournement zu Käerjeng. De Verwaltungsrot huet sech erweidert an deelt seng nei Zesummestellung mat.

Bericht gëtt zousätzlech och iwwer d’Aktiounswoch, déi vum 13.-17. September 2021 stattfonnt huet. Un der Bëschwanderung hunn gutt 20 Persounen deelgeholl a sech vum Biolog Roger Schauls erkläre gelooss, wisou den Erhalt vum Bobësch an der genereller Biodiversitéit esou wichteg sinn. Dobäi si spontan 2 Kuerzfilmer mat Erklärungen entstanen.


Annexe

Dernières nouvelles