Atomkraaftwierk Cattenom: Den Eeschtfall getest

Op Initiative vun de franséischen Autoritéite gouf gëschter am Atomkraaftwierk Cattenom eng Simulatioun duerchgefouert, bei deem d‘Handelen an engem Eeschtfall getest an all Aktioune bewäert goufen. Duerch seng direkt Proximitéit zu Lëtzebuerg hätt en technesche Virfall och en enormen Impakt op eist Land.

Beim Zenario gouf d‘Prozedur bei enger Waasserfuite an dem eventuelle Risiko vun austriedendem radioaktive Material getest. Deelgeholl hunn hei am Land den héije Kommissariat fir nationale Schutz, d’Divisioun fir Radioprotektioun vun der Gesondheetsdirektioun, wéi och de CGDIS an de Kommunikatiounsservice bei Krisen. Fir den Exercice hu si sech am nationale Krisenzenter zu Senneng getraff.

No der Simulatioun huet sech d‘Cellule d‘évaluation radiologique (CER) getraff, fir iwwert den Exercice an d‘Moossnamen vun de franséischen Autoritéiten ze diskutéieren. Am Reakter selwer ass d‘Situatioun ënner Kontroll bliwwen a keng Substanze sinn ausgetrueden.

Dernières nouvelles