COVAX: Lëtzebuerg verdeelt 12.000 Dosen AstraZeneca u Ruanda

Am Kader vum internationale Verdeelermechanismus COVAX stellt d’Direktioun vun der Kooperatioun an humanitärer Aktioun Ruanda 12.000 Dosen AstraZeneca zur Verfügung. Zousätzlech gouf déi finanziell Ënnerstëtzung vun dëser Initiative op 4 Milliounen Euro erhéicht.

Am Abrëll 2020 huet d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), zesumme mat Partnerorganisatiounen COVAX an d’Liewe geruff, fir esou e weltwäiten Accès op d’Impfstoffer géint Covid-19 ze erméiglechen, egal wéi grouss d’Kafkraaft vum entspriechende Land ass. Dobäi keeft COVAX d’Vaccinen bei de Produzenten a verdeelt se u participéierend Länner. Zil ass et, bis Ufank 2022 an den ärmere Länner op mannst 20% vun der jeeweileger Populatioun geimpft ze hunn.

Bis ewell huet Lëtzebuerg ganzer 409.600 Dosen iwwert COVAX iwwermëttelt. Sollt de Mechanismus Ufanks mat 2 Milliounen Euro ënnerstëtzt ginn, esou huet ee sech elo dozou entscheet dëse Montant ze verduebelen.

D’Ministere Franz Fayot a Paulette Lenert hunn nach emol betount wéi wichteg et ass, Zesummenhalt ze beweisen fir d’Pandemie an de Grëff ze kréien. Et muss ee sech solidaresch weisen, fir jidderengem den Zougang zu de Vaccinen ze erméiglechen, besonnesch och vulnerabele Länner.

Dernières nouvelles