#etgeetdeckduer: Aschüchterung vu Journalisten

No der ausgeaarter Maniff vu leschte Samschdeg, trëtt Lëtzebuerg an eng nei Ära vun der Angscht an dem gewaltbereete politesche Populismus an. Sécher kann een d‘Decisioune vun der Regierung am pandemesche Kontext a Fro stellen, dat sollt een dann awer am Respekt vun de Demokratie maachen. D‘Zeen vun den Anti-Vaccin Manifestanten ass sécherlech net majoritär gewaltbereet an net alleguerte sinn et Faschiste wéi eng Rei vun de Opwigler, déi hei Opportunitéiten erkennen.

Um Samschdeg huet ee gesinn, wéi d‘Rhetorik vu rietsradikalen Hetzer a populistesche Politiker sech op Mënsche mat schwaachem Charakter a feelender Bildung auswierkt. Bei der Gëlle Fra ass ee Pressefotograf an d‘Ofspärung gedréckt ginn. Engem Journalist gett, nodeems en Deputéierten dësem seng Telefonsnummeren an enger explizitter Telegram-Grupp „par inadvertance assumée“ publizéiert huet, bedreet an drangsaléiert. Esouguer an den Test-Laboratoire ginn d‘Leit ugegraff.

An der tëscht setzen déi geeschtlech Brandstëfter – déi loossen sech net dobäi filmen, wéi Leit an Angscht versat ginn an zéien et vir mam Megaphon déi richteg Strëppen ze zéien – elo Affekoten an fir Journalisten an Zeitungen ze zëssen. Wie kleng an ouni politesche Réckhalt do steet, läscht an/oder zenséiert sech. Prozesser sinn opwänneg an kaschte Geld. Déi aner hu méi Zäit a Moyenen, a stinn angeblech a der Mëtt vun der Gesellschaft. Wien nieft Nazie spadséiert ass selwer en Nazi.

Dernières nouvelles