Antikrichsdemonstratioun an der Stad

De Samschden, de 5. Mäerz hunn sech gutt 3.000 Persounen op der Clairefontaine Plaz an der Stad getraff, fir géint de Krich ze demonstréieren.

51 Associatioune stoungen hannert dëser Demonstratiounen, vu Parteien, Organisatiounen a private Leit – jiddweree war vertrueden. A jiddwereen huet gehofft. Zesummegehalen a sech solidaresch mat der Ukrain gewisen.

D’Isabelle Dumont war mat sengem Meedche vun 10 Joer op der Demonstratioun. Hatt huet ee Schoulkolleeg, deen aus Russland kënnt.

« D’Madamm, déi Russin ass, war emotional esou dankbar fir d’Foto, datt si gekrasch huet. »

Dobäi fuerderen d’Organisateuren ënnert anerem, datt Krichshandlunge solle gestoppt ginn. Eng atomar Eskalatioun muss verhënnert ginn. Déi russesch Truppe sollen aus der Ukrain ofzéien.

Et mussen onbedéngt Friddensverhandlunge mat alle Bedeelegte gefouert ginn – ënnert der Koordinatioun vun de Vereenten Natiounen. Humanitär Hëllef ass dréngend benéidegt.

Europäesch Grenzen sollen fir ukrainesch Flüchtlingen opgehale bleiwen – mat vereinfachtem Verfaren an enger Erhéijung vun den Opnamekapazitéiten.

Krich ass ee Verbriechen un der Mënschheet. An enger neier europäescher Sécherheetsarchitektur wäert et nimools Fridde géinteneen, mee matenee ginn.

Dernières nouvelles