Nodeem de Romain Schneider, Dan Kersch a schliisslech och de Pierre Gramegna ugekënnegt hunn, hir Ämter als Ministeren néierzeleeën, huet gëschter déi grouss Vereedegungszeremonie vun Haagen, Engel a Backes am groussherzogleche Palais stattfonnt. Uschléissend huet ee Minister dem Aneren symbolesch d’Amt an d’Hänn geluecht.
Esou huet de Romain Schneider seng Aufgaben dem Claude Haagen iwwerginn. Hie wäert elo als Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, sou wéi als Minister fir sozial Sécherheet agéieren.

De Pierre Gramegna gëtt ofgeléist vum Yuriko Backes, dat elo d’Roll vum Finanzminister iwwerhëlt.

Den Dan Kersch huet seng Funktioun als Sportsminister un de Georges Engel iwwerginn. Uschléissend goufen och d’Kompetenzen a senger Funktioun als Minister fir Aarbecht, Beschäftegung sou wéi sozial a solidaresch Wirtschaft iwwerdroen.
