Amnesty International an hire Kampf fir d’Mënscherechter

Déi lescht zwou Woche vun Amnesty International waren net grad einfach. Duerch déi onnëtz Demonstratiounen hunn si hire Fakelzuch missen ofsoen.

Dofir ass d’Ëffentlechkeet opgefuerdert ginn, eng Käerz an d’Fënster ze stellen an esou hier Solidaritéit ze weisen. Ongeféier 300 Persounen hunn dësen Opruff ënnerstëtzt. Esou hunn si sech friddlech fir d’Mënscherechter agesat.

Dës weideren hunn vill Mënschen op de soziale Medien hier Profilfoto an eng Amnesty-Käerz ëmgewandelt. Esou gouf net nëmme Solidaritéit ausgedréckt, mee och d’Frustratioun iwwert den ofgesote Fakelzuch.

Amnesty International ass net nëmmen dofir dankbar, mee och fir déi alternativ Aktiounen, déi entstane sinn. Dozou gehéiert « Wright for Rights ». Déi zéng Bedeelegt sinn ausféierlech an de Medie presentéiert ginn.

Fotosausstellung: 60 Joer fir Mënscherechter

Mat enger Auswiel vu 60 Fotoen, huet Amnesty International sech mat Magnum Photos zesummegedoen an eng beandrockend Fotoausstellung op d’Been gestallt. Dës Biller ëmfaassen ikonesch Biller a Portraiten vun historeschen an aktuelle Perséinlechkeeten – vum Martin Luther King bis zum Greta Thunberg. Och grouss Momenter, ewéi de Mauerfall an d’Protester zu Hongkong ginn thematiséiert.

D’Erklärungen ginn op Franséisch an Englesch presentéiert.

Dës Ausstellung ass zanter dem 9. Dezember am Bierger-Center( Place Guillaume II) an der Stad ze gesinn.

Dernières nouvelles