Haut huet de Prënz Charles säin zweete Gebuertsdag gefeiert.
An dësem Kader hunn den Ierfgroussherzog an d‘Ierfgroussherzogin mam Gebuertsdagskand wonnerbar Familljefotoen am Gaart vum Fëschbecher Schlass, sou wéi e Video am Beetebuerger Park gemaach.

All d‘Opnamen fannt Dir op der Facebook-Säit vum groussherzoglechen Haff.