100.000 Euro fir d’Ukrain

Zwou Wochen nodeems Russland an d’Ukrain amarschéiert ass, huet d’Land vill Doudeger a Blesséierter ze bekloen. D’Zuel, och vun de Flüchtlingen huet een trauregen Héchststand erreecht. Déi militäresch Offensiv huet zuelräich Mënscheliewe gefuerdert.

Honnertdausende vu Mënschen, verzweiwelt Familljen a Kanner probéieren sech a Sécherheet ze bréngen. Déi meescht vun hinnen, hunn hier ganz Existenz verluer. Een Doheem, ee Liewe verbonne mat schéinen Erënnerungen. Mëttlerweil hu scho méi ewéi 2 Milliounen Ukrainer hier Heemecht verlooss a Sécherheet an der EU gesicht. Anerer befanne sech leider nach ëmmer a Krichsgebitter oder probéieren dës ze verloossen. Och si blécken an eng ongewëss Zukunft.

Duerch dës humanitär Katastroph hunn den CGFP an „Fondation CGFP de Secours“ an der vergaangener Woch decidéiert, sech net nëmmen op symbolesch, si wollte gemeinsam ee Beitrag zur Ënnerstëtzung vun dësen Hëllefsbedürftege leeschten.

Nieft de Sachspenden, déi onverzichtbar sinn, sinn de Moment op finanziell Mëttel néideg, fir de Konfliktaffer an der Ukrain mat deem Néidegsten ze versuergen.

An dësem Kader hunn de CGFP an d’Stëftung „CGFP de Secours“ decidéiert, den Organisatiounen „Dokteren ouni Grenzen“ an „SOS Villages d’Enfants Monde“ jeeweils ee Montant vu 50.000 Euro ze iwwerweisen. Esou gëtt séchergestallt, datt d’Spenden op der richteger Plaz ukommen – do wou se am dréngendste gebraucht ginn.

Dokteren ouni Grenzen hunn hier medezinesch humanitär Hëllef an ënnerschiddleche Gebitter an der Ukrain séier ausdehnt. Mobil medezinesch Ekippe goufen direkt an d’Land era geschéckt. Dës weidere goufen d’Ustrengunge verduebelt, fir d’Ekippen, déi dauerhaft am Asaz si mat mat logisteschem a medezineschem Material ze ënnerstëtzen.

Dokteren ouni Grenze stinn iwwerall an de Spideeler am Asaz, déi dréngend medezinesch Ausrëschtung brauchen, fir Blesséierter ze behandelen oder chronesche Krankheeten ze versuergen.

Mëttlerweil huet d’Associatioun och a villen Nopeschstaaten Ekippen. Dobäi gëtt een Zil verfollegt – de Mënsche medezinesch Hëllef unzebidden.

Mënschen, déi spende wëllen, kënnen dëst mam Vermierk « Hilfe für die Ukraine » un d’Kontosnummer (CCPLLULL LU46 1111 0733 4614 0000 oder BCEELULL LU57 0019 1000 2060 6000) iwwerweisen.

Dernières nouvelles