POST Lëtzebuerg verlängert seng Solidaritéitsaktioun

Fir d’Opnam vun de Flüchtlingen aus der Ukrain ze erliichteren an ze ënnerstëtzen, huet d’Post Lëtzebuerg decidéiert, sech ze engagéieren, andeems si dëse Mënsche mat Abonnementer, Handyen a d’Bereetstellung vu Konten a Kaarten zur Verfügung stellen.

Dobäi gouf dës Aktioun mam ONA ofgeschwat. Dës weideren stellt d’Post dem ONA ënnerschiddlech Raimlechkeeten zur Verfügung – do kënne Flüchtlingen ënnerbruecht ginn, bis datt eng besser Léisung fonnt ginn ass.

Vum Méindeg, den 21. Mäerz un, kënne Flüchtlingen mat hirer Attestatioun vum Schutzstatus an all Postbüro goen a vun der Abonnementer profitéieren. Dës solidaresch Aktioun enthält onbegrenzten Uriff an d’Ukrain, Internet an natierlech Uriff an SMSen op Lëtzebuerg.

Fir dëse schutzbedierftege Mënschen Zougang zu engem Bankkonto ze ginn, huet Post Lëtzebuerg ee vereinfacht Verfaren agefouert. Fir dës Offer ze notzen, muss ee sech beim ONA mellen (5, rue Carlo Hemmer L-1734 Luxemburg-Kirchberg). Si këmmeren sech ëm d’Ufro an de Rendezvous bei der Post.

Iwwregens ënnerstëtzt d’Post Lëtzebuerg seng Clienten schonn zanter dem 21. Februar, andeems si Uriff an SMSen an d’Ukrain gratis ubitt. Dës Moossnam wär nach bis den 31. Mäerz gülteg gewiescht. Se gouf awer bis den 30. Juni verlängert.

Weider Informatioune fannt dir hei.

Dernières nouvelles