Kanner an hier Rechter schützen – och a Krichszäiten!

Den Donneschden, de 24 Februar huet déi russesch Invasioun vum onofhängege Staat Ukrain mat engem Ugrëff op eng ukrainesch Spillschoul am ost-ukraineschen Duerf Stanyzia-Luhanska ugefaangen.

« Dat ass méi ewéi symbolesch, well Kanner an hier Eltere sinn déi éischt Affer vun dësem Krich, » sot de Charel Schmit.

Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU) hat well Noriichte vu bekannten Ombudsmänner europawäit kritt, déi bestätegen, datt d’Invasioun éischt Doudesaffer ënnert de Kanner gefuerdert huet. D’European Network of Ombudspersons for Children (ENOC; www.enoc.eu),déi europäesch Plattform vun de Kannerrechtsbeoptraagten an Europa, an där och Lëtzebuerg Member ass, wäert dozou nach Stellung bezéien.

De Lëtzebuerger OKAJU verurteelt den Ugrëff vu Russland op d’Schäerfst – et ass ee klore Broch vum Recht op Schutz fir Kanner, ewéi si am Artikel 6 (Recht op Liewen, Iwwerliewen an Entwécklung), 16 (Schutz vun der Privatsphär) an 38 (Schutz a bewaffente Konflikter an der Kannerrechtskonventioun vun de Vereenten Natioune verankert sinn. Deemno si Kanner vir an a bewaffente Konflikter besonnesch ze schützen.

Den OKAJU ënnerstëtzt den Opruff vum Kannerhëllefswierk UNICEF, esou wéi vun UNESCO, d’Schoulen, d’Erzéiungspersonal a Kanner net ze attackéieren an d’Recht op Bildung ze garantéieren.

« Kanner an hier Familljen kréien hier Zukunft geklaut, dat ass ëmmer an iwwerall tragesch », seet den Här Schmit nach.

Dëst zielt an éischter Linn a besonnesch fir d’Kanner an der Ukrain an an der ukrainescher Gemeinschaft an Europa; awer net nëmmen.

« Kanner hunn schonn ënnert der Covid19-Pandemie staark gelidden. Elo mussen si och nach ee Krich matzen an Europa erliewen. Den Här Schmit warnt d’Elteren, Kanner net ongeschützt de schrecklechen Noriichten auszesetzen.

« Et ass wichteg, datt Kanner vun hiren Elteren an dëser schwéierer Zäit begleet ginn an datt si net mat hiren Ängschten eleng gelooss ginn. »

Noriichte sollte Kanner am beschten net onbegleet kucken. Elteren, Familljememberen an d’Léierpersonal soll iwwert d’Hannergrënn a Froen zum Krich « altersgerecht » opgekläert ginn.

D’Thema kéint wärend dem Schoulcours ugeschwat ginn.

« Mir mussen eis bewosst sinn, datt vill Kanner duerch d’Pandemie gestresst a verängschtegt sinn. Dofir däerfe mir si net mat Schreckensnoriichten iwwerfuerderen a scho guer net eleng loossen. »

Virun allem déi sozial Netzwierker kéinten zu enger Belaaschtung fir Kanner a Jugendlecher ginn.

« Wann dës Biller aus de Krichsgebitter an Echtzäit an ouni Kontext gestreamt ginn, kann dat eng traumatesch Erfarung fir Kanner sinn. Dofir wier et wichteg, datt d’Elteren, besonnesch vu jéngere Kanner sech ee Bild dovunner maachen, wéi eng Biller an Noriichten si konsuméieren, an de Kanner d’Méiglechkeet ginn, oppen iwwert d’Geschéien ze schwätzen.

De Charel Schmit weist weider drop hin, datt zu Lëtzebuerg e puer Ulafstellen existéieren, déi een och notze kann. Dozou gehéiert de Kanner- a Jugendtelefon ënnert der Telefonsnummer (+352) 11611, SOS Détresse ënnert der Nummer 45 45 45 (454545.lu), an och den OKAJU ass ënnert der Nummer 28 37 36 35 ze erreechen.

Den OKAJU begréisst solidaresch Initiativen, fir flüchtend Kanner a Familljen ze ënnerstëtzen.

*matgedeelt vum OKAJU

Dernières nouvelles