Den éischte Mäerz 2022 huet de Claude Haagen, Minister fir sozial Sécherheet d’Raimlechkeete vun der e-Santé besicht.
Dëst huet dem Minister erméiglecht, d’Agentur souwéi hier Aarbechtsberäicher kennenzeléieren. Besonnesch interessant dobäi war den « Shared Care Dossier » an d’elektronescht Rezept.
Bei sengem Besuch huet de Minister d’Bedeitung vun der Agence ënnerstrach, esou dréit se dach ee groussen Deel zur Digitaliséierung bäi.
Et war een interessante Meenungsaustosch.