Déi Allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter vun 1948 ass wuel dat bekanntste Mënscherechtsdokument a stellt gläichzäiteg de Grondstee fir den internationale Mënscheschutzrecht duer.
Am Kader vum internationale Gedenkdag vun de Mënscherechter luet Friddens- an d’Solidaritéitsplattform ee Mëttwoch, den 10 Dezember um 16 Auer op der Grenzbréck Schengen – Perl op eng Wuecht an.
„D‘Mënscherechter si fir jiddwereen – esou relevant ewéi nach ni.“
D‘Situatioun op den EU-Baussegrenze spëtzt sech dramatesch zou: Migratioun, Asylrecht a Mënscherechtsverletzunge weltwäit.
D‘Bildung vun engem Solidaritéitskrees an d’Erklärung vum grenziwwerschreidenden Netzwierk QuattroPax ass fir 16:30 Auer op der Stäreplaz zu Schengen geplangt.
Dobäi sinn all d‘Covid19-Moossnamen ze beuechten.
*matgedeelt vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform