Piraten: D’Mandy Arendt ass elo am Gemengerot vu Kolmer-Bierg

E Sonnden, den 28. November hunn an der Gemeng Kolmer-Bierg Komplementarwale stattfonnt.

Gläich dräi Plazen waren am Gemengerot nei ze besetzen. Fënnef Kandidatinnen a Kandidaten sinn ugetrueden, dorënner d’Mandy Arendt, Member vun der Piratepartei. D’Mandy huet déi exzellent zweet Plaz beluecht mat 376 Stëmmen, 40 Stëmmen virum Nächstgewielten, deen och erakoum.

Elo däerf déi jonk Mamm vu 25 Joer d’Geschécker vun hirer Gemeng matbestëmmen. Si ass iwwregens déi éischt Piratin an engem Gemengerot zu Lëtzebuerg. Mir wënschen dem Mandy vill Satisfaktioun a senger neier Funktioun an eng glécklech Hand bei all sengen Entscheedungen.

*matgedeelt vun der Piratepartei

Dernières nouvelles