Den Typ H5N1 vun der Vullegripp gouf elo bei wëlle Gänsen zu Réimech a Wëntreng nogewisen. Fir datt de Virus sech net weider ausbreet, virun allem net op eis Hénger, gi Virsiichtsmoossname getraff.
Dofir gëllt elo:
- Halt Är Vullen dobannen a loosst se just eraus, wann de Bausseraum mat engem Netz/Gitter esou zou ass, datt kee Kontakt mat wëlle Vullen méiglech ass;
- Fudder a Waasser dierf just bannen offréiert ginn, wou wëll Vulle keen Zougang hunn;
- D’Reegele vun der Biodiversitéit musse streng befollegt ginn;
- All Rassemblementer mat Vullen (beispillsweis bei enger Expo) si verbueden;
- All anormale Stierffall muss engem Veterinär matgedeelt ginn.
Fënnt een dobaussen e blesséierten oder doudege Vull, soll een dësen net upaken, mee e bei der Veterinärsverwaltung mellen (E-Mail info@asv.etat.lu oder Tel.: 247-82539). Et sief och nach emol drun erënnert, datt de Konsum vu Fleesch an/oder Eeër keng negativ Folgen fir de Mënsch dierft hunn.