Duerch Bamfällaarbechten wäert d’B7 tëscht dem Echangeur Ettelbréck an dem Echangeur Angelduerf vu Freides, den 19. November 2021 ab 18:30 Auer bis Méindes, den 22. November 2021 géint 6:00 Auer gespaart sinn.
An dësem Kader wäert
- D’B7 tëscht dem Echangeur Ettelbréck an dem Echangeur Angelduerf a béid Richtunge gespaart sinn;
- Den Accès zum Echangeur Ettelbréck a Richtung Angelduerf zou sinn;
- Den Accès vum Echangeur Angelduerf a Richtung Ettelbréck gespaart sinn.
- Den Trafic, dee vun der B7 respektiv N7 kënnt an a Richtung Angelduerf wëll, gëtt ab dem Echangeur Ettelbréck iwwert d’N7 bis bei den Echangeur Angelduerf ëmgeleet;
- Den Trafic, dee vun der B7 respektiv N7 kënnt an a Richtung Ettelbréck fiert, gëtt ab dem Echangeur Angelduerf iwwert d’N7, d’N7A an d’N7 bis bei den Echangeur Ettelbréck geleet.